Funktionellen Training

An dësem Funktionelle Training gëtt den Kierper an senger Gesamtheet beusprocht.

25 

Auswahl zurücksetzen
Artikelnummer: n.a. Kategorie:
Funktionellen Training
An dësem Funktionelle Training gëtt den Kierper an senger Gesamtheet beusprocht.
Funktionellen Training ass näischt aneres wei natierlech Kierperbewegungen mat méi oder manner Intensitéit an Repetitioun duerchzefeieren.
Zesummen wäerten mir en Zirkeltraining bestoend aus TRX, VipR, an Kierpergewiichtsübungen maachen an dermadder d’Fasziengewebeketten rëm aktivéieren.
Dësen Training ass passend fir all Ufänger.
Dat geniaalt un dëser Trainingsstonn mam TRX, VipR an dem eegene Kierpergewiicht ass, dass en d’Intensitéit selwer an d’Luucht schrauwen, oder erofschrauwe kann.
Ech sinn déi ganzen Zäiten do an hunn Alternative parat.
//
Dësen Training ass ugepasst un jiddereen de scho reegelméisseg Sport mëscht. Dat geniaalt un dësem Trainingsstonn mam TRX, VipR an dem eegene Kierpergewiicht ass, dass en d’Intensitéit selwer an d’Luucht schrauwen, oder erofschrauwe kann.
Ech sinn déi ganzen Zäiten do an hunn Alternative parat.

Joe Annicchiarico

Wëll d’Wuelbefanne physesch a psychesch bedéngt ass.
Moien, ech sinn de Joé, sinn 29 Joer jonk, a wunnen hei an der Gemeng. Ugefaangen huet mäi Parkour 2014 am klassesche Bodybuilding. Dëst huet mer dozou verhollef en Verständnis vun der Anatomy vum Kierper ze kréien, an eng gewësse Logik a Struktur an d’Traininge ranzebrengen.
No 5Joer Bodybuilding hunn ech gemierkt, dass dat mengem Kierper, aus funktioneller Perspektive, recht wéineg bréngt, a sinn dunn op de Functional Training riwwergeswitcht.
2020 hunn ech dunn eng Weiderbildung als Ernierungsberoder gemaach. Dëst, well d’Ernierung en fundamentale Baustee vun engem gesonden an aktive Kierper ass.
2022 hunn ech mech dunn entscheet d’Personal Trainer Formatioun ze maachen. Als Personal Trainer, begleeden ech Iech an ärer Zilsetzung. Op der Péng hutt, méi flexibel wëllt ginn, Kraaft opbaue wëllt, of- oder bäihuele wëllt, oder och just de Spaass un der Beweegung (nei) entdecke wëllt.